Skip to content

Servicer

Servicer fir d’Weiderverwendung
vun Donnéeën ze erméiglechen

D’Datewirtschaft wiisst a verännert d’Aart a Weis, wéi d’Gesellschaft fonctionéiert. Fir den Entwécklungsprozess ze ënnerstëtzen, Innovatiounen ze fërderen an zesumme mat eisen Datepartner en Impakt ze erzilen, entwéckelt den LNDS Dateservicer, fir d’Erausfuerderunge wärend dem ganzen Dateprozess ze bewältegen. D’Dateservicer ginn zesumme mat eise Partner mathëllef vun Dateprojeten entwéckelt, fir eng Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën aus dem ëffentleche Secteur ze erméiglechen.

Watch our service owners tell more about their services in the videos below, or learn more by visiting the page of each service


Servicer fir d’Weiderbenotzung vun Donnéeën – mat Transparenz, Kontroll a Vertrauen

Duerch den technesche Fortschrëtt ginn ëmmer méi Donnéeë produzéiert, gesammelt a veraarbecht. Ee Beispill fir d’Aart a Weis, wéi d’Donnéeë benotzt ginn, sinn d’digital Zwillingen, déi a verschidde Beräicher vun eiser Gesellschaft méi heefeg ginn, z. B. bei de physikaleschen Hierstellungsprozesser, der Formuléierung vu Prognose fir nei politesch Mesuren an der Entwécklung vun neie Medikamenter. Allerdéngs sinn d’Donnéeën oft net liicht zougänglech a benotzbar. Den Zougang zu vertrauenswierdegen Donnéeën, déi eng Zesummenaarbecht an eng Wäertschëpfung duerch Donnéeën a verschiddene Secteuren erméiglechen, ass eng Erausfuerderung. Hei kommen d’Servicer vum LNDS an d’Spill.

Den LNDS entwéckelt e Portfolio vun Dateservicer, fir d’Weiderverwendung vun Donnéeën aus dem ëffentleche Secteur esouwuel fir ëffentlech ewéi och fir privat Organisatiounen an Institutiounen ze erméiglechen. Eist Zil ass et, eng Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën ze erméiglechen. Mir wëllen eis Datepartner dobäi ënnerstëtzen, mathëllef vun Daten en Impakt ze erzilen an Donnéeën ze verbesseren am Kader vu gemeinsamen Innovatiounen tëschent all den Acteuren. Mir wëllen e privilegiéierte Partner fir déi gemeinsam Entwécklung vun den Dateprodukter vun der nächster Generatioun ginn. Am Endeffekt geet et bei eiser Aarbecht dorëm, eisen Datepartner ze hëllefen, mat Donnéeën en Impakt ze erzilen.

Mir stellen eise Partner Capacitéiten, Prozesser a Wëssen zur Verfügung, fir eng Wäertschëpfung duerch d’Weiderverwendung vun Donnéeën ze erméiglechen. Eis Servicer baséieren dorop, d’Benotzung vu bestoenden Donnéeën op eng vertrauenswierdeg a sécher Aart a Weis ze erméiglechen. Hei ënne gitt Dir méi iwwer eis Dateservicer gewuer.


Den LNDS bréngt Datenubidder an Datebenotzer zesummen
Den LNDS bréngt Datenubidder an Datebenotzer zesummen

Dateservicer vum LNDS

Mir schaffen den Ament aktiv un der Entwécklung vun enger Rei Dateservicer.
Dozou gehéieren ënner anerem de Capacitéitenopbau, d’Formatiounen, d’Gemeinschaftsverwaltung, déi rechtlech, ethesch a gesellschaftlech Impaktofschätzung, technesch Bausteng, d’Plattforminfrastruktur, Komponente vun der sécherer Enn-zu-Enn-Dateveraarbechtung an d’Ënnerstëtzung fir Datenerkennung, -zougrëff, -uräicherung, -pseudonymiséierung a -qualitéit.

Eisen Déngschtleeschtungsportfolio entwéckelt sech permanent weider, well mir eis Servicer parallel zu eisen Dateprojeten entspriechend de Besoine vun eise Partner opbauen, fir eng Wäertschëpfung duerch Donnéeën ze ënnerstëtzen. All eis Servicer, Outilen an Aktivitéite baséieren um Prinzip vum Dateschutz duerch Technikgestaltung a Virastellungen.

Hei ënnen drënner fannt Dir eng Iwwersiicht iwwer eis Servicer, déi aktuell disponibel sinn.

Data Project Consulting and Onboarding

Eise Service Data Project Consulting and Onboarding ass déi éischt Etapp, fir en Dateprojet ze starten. Et handelt sech dobäi ëm eng Kommunikatioun an zwou Richtunge mat zwee groussen Objektiver: éischtens, den Ëmfang, d’Ziler an den erwaarten Impakt vun Ärem Projet ze verstoen an zweetens festzeleeën, wéi den LNDS zum Erfolleg vum Projet bäidroe kann.

Data Access Request and Review

Access request procedures can be challenging for all parties involved. Our Data Access Request and Review Service streamlines data access end-to-end. We optimise data user’s access requests and consult data providers in establishing in-house capacity to manage access request.

Data Management and Stewardship Support

Eise Service Data Management and Stewardship Support hëlleft Organisatiounen zu Lëtzebuerg beim Opbau vu Capacitéite fir d’Dategestioun a -verwaltung. Organisatioune kënne vu moossgeschneiderte Léisunge wärend dem ganze Liewenszyklus vun den Donnéeë profitéieren.

Data Cataloguing

D’Opzeechnung vu strukturéierten a standardiséierten Informatioune fir all d’Datebestänn vun engem Betrib spuert op Dauer Zäit, Energie a Suen. De Service Data Cataloguing vum LNDS hëlleft Organisatiounen, erauszefannen, wat fir eng Informatioune se op wat fir eng Aart a Weis erfaasse sollten.

Data Extraction, Enrichment and Merging

Déi meescht Datenanalysprojeten erfuerderen d’Kombinéiere vun Donnéeën aus verschiddene Quellen. Eise Service Data Extraction, Enrichment and Merging erméiglecht eng sécher Datebereetstellung an -zouuerdnung vu verschiddenen Ubidder.

Data Quality and Curation

De Service Data Quality and Curation vum LNDS kann Organisatiounen dobäi hëllefen, d’Qualitéit vun hiren Donnéeën ze verbesseren, andeem bestoend Datesätz réckwierkend ëmgewandelt an d’Prozesser vun der Primärdatenerfaassung optimiséiert ginn.

Synthetic Data Factory

De Service Synthetic Data Factory hëlleft Iech, Äre syntheeteschen Datesaz op Grondlag vu statisteschen Informatiounen an de fundamentalen Zesummenhäng tëschent Äre Partikularitéiten opzebauen.

Data Governance ELSI Expert Service

The Data Governance ELSI Expert Service is designed to support LNDS’ governmental partners in their efforts to develop legislation governing secondary use of public data.

Data Management National Community of Practice

De Service Data Management National Community of Practice erliichtert de Wëssensaustausch an d’Koordinatioun tëschent Dateverwaltungsexpert*innen zu Lëtzebuerg.

GDPR Working Group

De Service GDPR Working Group offréiert eng Austauschplattform fir Dateschutzbeoptraagter an aner Professioneller, déi am ëffentleche Secteur oder an der Recherche am Beräich Dateschutz täteg sinn.

Data Protection Training

Den Data Protection Training ass e modulär opgebauten eLearning-Cours, dee speziell fir d’Employéen*éeën aus dem ëffentleche Secteur entwéckelt ginn ass, fir Abléck an d’Prinzippie vum Dateschutzreglement, praktesch Beispiller an heefeg Feeler ze bidden.

Identifier-matching and Pseudonym Management Service

The Identifier-matching and Pseudonym Management Service enables the pseudonymisation of sensitive data through a secure decentralised pseudonymisation solution.

Secure Processing Environment

The Secure Processing Environment service protects confidential data reuse by means of providing a secure virtual environment for data handling.

Data Analysis and Visualisation Support

The Data Analysis and Visualisation Support service helps organisations articulate their data analysis and presentation needs efficiently through tailored assistance, expertise, and resources.

Research Data Archival

The Research Data Archival service supports researchers and organisations by providing guidance, training, and dedicated assistance to establish and improve data preservation practices.

LNDS Service DESK

The LNDS Service Desk is an online portal where you can request services or get support from LNDS. Create a ticket and track your requests in one place.

You can use the service desk to:

  • Start a new project with LNDS.
  • Report an issue or get help with an existing service.
  • Ask anything about us or our services.

https://service.desk.lnds.lu


Éischt Schrëtt

Mir fänken all Zesummenaarbecht mat engem Onboardinggespréich un, fir Äre Besoin un Donnéeën an d’Ziler vun Ärem Projet besser ze verstoen. Op Basis vun deem Rendez-vous proposéiere mir e moossgeschneiderten Dateprojet, deen Iech hëlleft, d’Ziler vun Ärem Projet ze erreechen.

Hei ënne fannt Dir Äntwerten op heefeg gestallt Froen, wat eis Sericer ubelaangt, a wéi Dir en Dateprojet an d’Weeër leede kënnt.

Ech géing gären en Dateprojet op d’Bee setzen. Wat sinn déi éischt Schrëtt? Wat fir eng Informatioune soll ech bereetstellen?

Great to hear you have an idea for a data project – we are eager to hear more! Please see our page for Onboarding (DPStart) and fill in the form to share your needs and goals in as detailed a manner as possible, to help us to help you. We want to understand your project goals, including its anticipated social impact, so that we can lay a solid foundation for the data project.

Wéi weess ech, wat fir eng Servicer ech fir mäi Projet brauch?

All Zesummenaarbecht mam LNDS fänkt ëmmer mat enger Dateprojetsberodung an engem Onboarding un. An dësem Gespréich gitt Dir eis en Iwwerbléck iwwer Är operativ Struktur a mir hëllefen Iech, Äre Projet nei auszeriichten, fir datt Dir eisen Déngschtleeschtungskatalog optimal benotze kënnt.

Dir braucht net genee ze wëssen, wat fir eng Servicer Dir braucht, wann Dir Iech un eis went. Mir hëllefen Iech, Ären Dateprojet opzebauen a schloen Iech déi richteg Servicer vir, déi Iech hëllefe wäerten, d’Ziler vun Ärem Projet ze erreechen. Beschreift wgl. Är Besoinen an Ziler esou detailléiert ewéi méiglech, fir datt mir Iech kënnen hëllefen.

See our How-to page and fill in the form to start a discussion on your data-needs

Ass d’Benotze vun de Servicer vum LNDS mat Käschte verbonnen?

Neen, d’Servicer vum LNDS si gratis.

Ech si Chercheur*euse an engem aneren EU-Land. Kann ech d’Servicer vum LNDS an Usproch huelen?

Merci fir Ären Interessi, en Dateprojet mat eis ze entwéckelen! Am Prinzip misst dat méiglech sinn. Kontaktéiert eis wgl. a beschreift Är Besoinen am Detail, fir datt mir weider an d’Gespréich kënne kommen.

Ech schaffen an engem kommerzielle Betrib / am Privatsecteur. Kann ech d’Servicer vum LNDS an Usproch huelen?

Jo. Kontaktéiert eis wgl. a beschreift Är Besoinen am Detail, fir datt mir weider an d’Gespréich kënne kommen.