Rechtlech Hiweiser
Konditioune vum Internetsite
Proprietär vum Internetsite
De Proprietär a Bedreiwer vun dësem Internetsite ass PNED GIE, 6 avenue des Hauts-Fourneaux, L-4362 Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg (LNDS). Dir kënnt den LNDS iwwer info@lnds.lu kontaktéieren.
Benotzungsbedéngungen
Duerch d’Benotze vun dësem Internetsite erklären d’Benotzer*inne sech mat de Bedéngungen (an hirer aktuellster Versioun, déi um Internetsite disponibel ass) averstanen. Den LNDS behält sech d’Recht vir, dësen Internetsite a seng Bedéngunge vun Zäit zu Zäit ze änneren.
D’Benotzer*inne bestätegen, datt se sech vergewëssert hunn, datt hir Apparater keng Virussen oder aner béisaarteg Software beinhalten. D’Benotzer*inne sinn eleng verantwortlech fir d’Auswiel, d’Benotzung an d’Interpretatioun vun den Donnéeën, Informatiounen an Dokumenter, déi op dësem Internetsite disponibel sinn.
RESPONSABILITÉIT
Den LNDS garantéiert net, datt dësen Internetsite fräi vu Feeler, Virussen oder béisaarteger Software ass. Den LNDS behält sech d’Recht vir, de Contenu vun dëser Internetsäit zu jidderzäit an ouni Virukënnegung ze änneren, ze verbesseren oder ze läschen. Den LNDS beméit sech, de Benotzer*inne gepréift Informatiounen a Ressourcen zur Verfügung ze stellen. E kann awer net fir feelerhaft, ongenee oder veraalt Informatioune verantwortlech gemaach ginn. Benotzer*innen, déi Ongenauegkeeten, feelerhaft Informatiounen oder Informatioune mat engem eendeitege rechtswiddrege Charakter entdecken, si gebieden, sech iwwer d’Adress media@lnds.lu un den LNDS ze wenden.
Dësen Internetsite a säi Contenu ginn am Ass-Zoustand an ouni iergendeng Garantie bereetgestallt, sief et ausdrécklech, stëllschweigend oder gesetzlech Garantien. Dëst ëmfaasst, mee beschränkt sech net op stëllschweigend Garantien, wat d’Maartfäegkeet an d’Eegnung fir e bestëmmten Zweck ubelaangt. Den LNDS garantéiert net, datt dësen Internetsite oder säi Contenu den Ufuerderunge vun de Benotzer*innen entsprécht oder datt e kontinuéierlech, onënnerbrach oder feelerfräi zur Verfügung steet. D’Benotzer*innen iwwerhuelen déi voll Responsabilitéit fir d’Auswiel vun dësem Internetsite an d’Entscheedung, en ze benotzen oder sech op säi Contenu ze verloossen. Den LNDS recommandéiert de Benotzer*innen, all d’Informatioune mat anere fiabele Quellen ze iwwerpréiwen, éier se eppes ënnerhuelen.
BENOTZE VUN HYPERLINKEN
Dësen Internetsite ka Linken zu Internetsitte vun Drëttpersoune beinhalten, déi onofhängeg vum LNDS entwéckelt goufen. Den LNDS iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir de Contenu vun esou Internetsitten, och wa se mat dësem Internetsite verlinkt sinn. D’Existenz vun esou Linke bedeit keng Zoustëmmung vum LNDS, wat déi verlinkt Contenuen ugeet.
D’Ariichte vun Deeplinken op dësen Internetsite muss am Virfeld schrëftlech vum LNDS geneemegt ginn.
Geeschtegt Eegentum
All d’Donnéeën, Informatiounen an Dokumenter op dësem Internetsite sinn duerch Copyright geschützt. D’Reproduktioun vu Contenue vun dësem Internetsite ënnerläit der schrëftlech Zoustëmmung vum LNDS.
Lëtzebuergescht Recht a Geriichter
D’Bedéngunge vun dësem Internetsite ënnerleien dem lëtzebuergesche Recht. All Sträitfall tëschent de Parteien am Zesummenhang mat dësem Internetsite oder de virleiende Konditioune gëtt ausschliisslech viru lëtzebuergesche Geriichter ausgedroen.
Dateschutzerklärung
Dateschutzerklärung vun der Internetsäit vum LNDS V2.0
De Luxembourg National Data Service (6 avenue des Hauts-Fourneaux L-4362 Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg, LNDS) sammelt a veraarbecht Är perséinlech Donnéeën, wann Dir dësen Internetsite besicht oder op eng aner Aart a Weis mat eis interagéiert.
Den LNDS ass de Responsabel fir dës Veraarbechtung a verflicht sech, Är Privatsphär ze respektéieren an Är perséinlech Donnéeën am Aklang mam Gesetz ze schützen, besonnesch mam EU-Dateschutzreglement 2016/679 (General Data Protection Regulation, GDPR).
Veraarbechtungszwecker
D’Grondlage vun der Veraarbechtung vun Ären Donnéeë sinn déi follgend:
| Zweck vun der Veraarbechtung | Rechtsgrondlag vum Dateschutzreglement |
| Den LNDS veraarbecht Är Donnéeën: – fir bestëmmt Funktioune vum Internetsite ze verwalten, déi et Iech z. B. erméiglechen, Videoen ofzespillen, op Contenuen zouzegräifen an dës ze deelen oder Formularen auszefëllen, déi um Internetsite disponibel sinn | D’Veraarbechtung ass noutwenneg: – am Allgemenge fir déi berechtegt Interêten, déi den LNDS verfollegt (d. h. déi gewéinlech Verwaltung vum Internetsite an de Kontakter) – a bestëmmte Fäll, fir Iech d’Servicer, déi Dir ugefrot hutt oder déi Dir decidéiert hutt, ze benotzen, bereetzestellen an e Kontrakt, dee mir mat Iech ofgeschloss hunn auszeféieren (oder prekontraktuell Mesuren, déi op Är Ufro hin ergraff gi sinn) |
Datekategorien
Niewent den Informatiounen, déi Dir dem LNDS matdeele kënnt, besonnesch iwwer d’Formularen, déi um Internetsite disponibel sinn an déi Dir ausfëllen an areeche kënnt, kann den LNDS déi follgend Kategorië vu perséinlechen Donnéeë sammelen a veraarbechten:
- Är IP-Adress an d’Verkéiersdonnéeën, déi domat verbonne sinn,
- Dokumenter, Informatiounen an Donnéeën, op déi Dir iwwer den Internetsite zougräifen oder déi Dir doriwwer deele kënnt.
Datenempfänger
Den LNDS kann Är Donnéeën u Serviceprovidere weiderginn (besonnesch un Ubidder oder Verkeefer vun Internetsite-Funktiounen), wann dëst fir déi uewe genannt Zwecker noutwendeg ass.
Datentransfert baussent der EU/dem Europäesche Wirtschaftsraum
Wann den LNDS Är perséinlech Donnéeë baussent der EU/dem Europäesche Wirtschaftsraum oder a Länner transferéiert, déi keen änleche Schutzniveau fir perséinlech Donnéeën ewéi d’EU virgesinn, ginn esou Transferten:
- op dat beschränkt, wat néideg ass, fir e Kontrakt, dee mir mat Iech hunn, auszeféieren, oder
- duerch d’Duerchsetzen, d’Ausüben oder d’Verdeedegung vu Rechtsuspréch gerechtfertegt oder
- op sécher Destinatairë beschränkt, ewéi z. B. Empfänger oder Veraarbechter, déi nom EU-US-Data-Privacy-Framework oder änlechen Zertifizéierungssystemen, déi vun der EU unerkannt sinn, zertifizéiert sinn, oder
- wann néideg duerch gëeegent Schutzmesuren ofgedeckt, wéi z. B duerch den Ofschloss vu Standardvertragsklauselen, déi vun der Europäescher Kommissioun unerkannt sinn, oder
- an Ausnamefäll mat Ärem Averständnis duerchgeféiert; an deem Fall gëtt Är Zoustëmmung separat ageholl.
Datespäicherung
Den LNDS späichert Är perséinlech Donnéeën esou laang, wéi et néideg ass, fir d’Servicer, déi Dir benotzt, ze erbréngen (an der Reegel kënnen Är IP-Adress an d’Verkéiersdonnéeën, déi domat verbonne sinn, wärend engem Zäitraum vu bis zu 6 Méint opbewaart ginn), an/oder fir d’Dauer, déi fir d’Opbewarung gesetzlech virgeschriwwen ass.
Är gesetzlech Rechter
Dir hutt dem Dateschutzreglement no bestëmmt Rechter, wat Är perséinlech Donnéeën ugeet, déi Dir ausübe kënnt, andeem Dir Iech iwwer d’Adress dpo@lnds.lu un den LNDS wennt.
- Recht op Informatioun.
- Dir kënnt zu jidderzäit aktuell Informatiounen iwwer d’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën duerch den LNDS op dësem Internetsite ofruffen oder Iech iwwer d’Adress dpo@lnds.lu un den LNDS wenden.
- Zougrëffsrecht.
- Dir hutt d’Recht, op Är perséinlech Donnéeën zouzegräifen. Den LNDS veraarbecht eng grouss Quantitéit vun Informatiounen a kann dofir am Aklang mam Dateschutzgesetz verlaangen, datt Dir virun der Bereetstellung vun den Informatiounen ugitt, op wat fir eng Informatiounen oder Veraarbechtungsaktivitéiten Är Ufro sech bezitt.
- Recht op Rektifikatioun.
- Dir kënnt den LNDS opfuerderen, feelerhaft a falsch Donnéeën ze rektifizéieren, ze verbesseren oder ze aktualiséieren.
- Other rights.
- A bestëmmte begrenzte Fäll (an deenen den LNDS fir d’éischt iwwerpréift, ob d’Bedéngunge fir d’Ausübe vun dëse Rechter an Aklang mam Dateschutzgesetz erfëllt sinn) kënnt Dir der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeë widderspriechen, eng Aschränkung vun der Veraarbechtung verlaangen oder d’Läschen oder d’Iwwerdrobarkeet vun Äre perséinlechen Donnéeën ufroen.
- Wann den LNDS Iech ausdrécklech ëm Är Awëllegung fir eng bestëmmt Veraarbechtung gefrot huet, hutt Dir d’Recht, dës Awëllegung jidderzäit (fir all zukünfteg Veraarbechtung) zeréckzezéien.
- Dir kënnt Iech un d’Lëtzebuerger Dateschutzautoritéit (Commission nationale pour la protection des données) wenden, fir eng Plainte anzereechen.
Är Ulafstell fir den Dateschutz
Dir kënnt den Dateschutzbeoptragte vum LNDS hei kontaktéieren:
Dateschutzbeoptragte vum LNDS
6 avenue des Hauts-Fourneaux L-4362 Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg
E-Mail: dpo@lnds.lu
Cookien
Cookië si keng Textfichieren, déi vun eisem Internetsite op Ären Apparat placéiert ginn an déi et eisem Internetsite erméiglechen, ze fonctionéieren, méi effikass ze sinn oder bestëmmt Funktionalitéiten ze aktivéieren. D’Tabell hei ënne beinhalt Informatiounen iwwer d’Cookien, déi mir benotzen, an hiren Zweck.
Den LNDS benotzt keng intrusiv Cookien an deem Sënn, datt se net benotzt ginn, fir perséinlech Donnéeën iwwer Iech ze sammelen. Mir benotze keng Targeting- oder Publicitéitscookien, déi et erméigleche géingen, e Profil vun Iech opzestellen. D’Cookien, déi mir benotzen, sinn do, fir d’Funktionalitéit vum Internetsite ze ënnerstëtzen.
Weesentlech (oder funktionell) Cookien:
Cookien, déi vu Complianz placéiert ginn, fir Är Zoustëmmung zu de Cookien ze verwalten D’Complianz-Cookie gi fir eng Dauer vun 1 Joer gespäichert:
Statistesch Cookien, déi vu MATOMO placéiert ginn. D’MATOMO-Cookië gi fir eng Dauer vun 394 Deeg gespäichert.
Net weesentlech Cookien:
Statistesch Cookien, déi vu MATOMO placéiert ginn:
Net-weesentlech Cookië ginn nëmme placéiert, wann Dir deem zoustëmmt. Dir kënnt Är Cookie-Preferenze jidderzäit änneren, andeem Dir Är Awëllegungsastellunge verwalt.
Déi meescht Webbrowseren erlaben eng gewëss Kontroll vun de meeschte Cookien iwwer d’Browserastellungen. Fir méi iwwer Cookië gewuer ze ginn, dorënner d’Fro, wéi Dir kënnt gesinn, wat fir eng Cookië placéiert goufen, besicht www.aboutcookies.org oder www.allaboutcookies.org. Entdeckt, wéi Dir Cookien a gängege Browsere kënnt verwalten:
Lescht Aktualiséierung: 19.01.2024