
Karriäre beim LNDS
Dir sidd vun Donnéeë faszinéiert a wëllt gären e Bäitrag
zu engem nationalen an europäeschen Optrag leeschten?
Werft e Bléck op eis oppen Aarbechtsplazen a kontaktéiert eis fir weider Informatiounen!
Beim LNDS schaffen
Wie si mir?
Den LNDS besteet aus engem breetgefächerten Team vun Expert*innen op hirem Gebitt, dorënner Datewëssenschaftler*innen, Datenanalyst*innen, Softwareingenieur*innen, Compliance-Spezialist*innen asw.
Mir selektionéiere fir all Beräich Topp-Talenter an ënnerstëtzen Är professionell Entwécklung. Mir deelen eist Wëssen an eis Erfarung reiwungslos tëschent deene verschiddenen Ekippen a verfollegen dobäi e gemeinsaamt Zil: e gesellschaftlechen Impakt doduerch erzilen, datt mer d’Weärtschëpfung mathëllef vun Donnéeë fir eis Datepartner ënnerstëtzen.
Beim LNDS ka jidderee wierklech sech selwer sinn. Mir agéiere respektvoll géigeniwwer dem Personal an hunn eng ganz frëndlech an ënnerstëtzend Aarbechtskultur. Mir leeë Wäert op Diversitéit a wëllen Talenter mat ënnerschiddleche Parcoursen a Kenntnisser aus verschiddene Länner unzéien.
Mir sinn houfreg drop, e Member vun der Charta vun der Villfalt Lëtzebuerg ze sinn an hunn eisen Engagement am Mee 2024 ënnerschriwwen, fir domat eis kontinuéierlech Beméiungen ze formaliséieren, fir en inklusiivt Aarbechtsëmfeld fir jiddereen unzebidden.


Eise Standuert
Lëtzebuerg – eng groussaarteg Plaz fir ze schaffen an ze liewen
Lëtzebuerg ass duerch seng Geschicht multikulturell, duerch seng Expats a Migrant*inne ganz kosmopolitesch a läit zentral am Häerz vun Europa. Well 47 % vun der Bevëlkerung eng aner Nationalitéit hunn, wäerten international Talenter sech hei wéi doheem fillen.
De Quartier Belval gehéiert zu Esch-Uelzecht, der zweetgréisster Stad am Land, déi am Süde vu Lëtzebuerg läit. Bekannt duerch seng Geschicht am Industriesecteur huet Belval sech a leschter Zäit zu engem modernen Universitéitszentrum an engem weltwäit unerkannte Wëssenschafts- an Technologiezentrum entwéckelt.
Quell: Luxemburg in Zahlen , Le Portail des Statistiques – Luxembourg, Luxemburg – Eine weltoffene Bevölkerun.
Grënn, fir bei eis schaffen ze kommen
Dir bréngt Äert Wësse mat. Mir bidden Iech Avantagen. Niewent attraktiven Avantagen offréiere mir Iech d’Méiglechkeet, séier an agil am Beräich vun den Donnéeën ze schaffen. Léiert e puer vun eise Mataarbechter*innen an Aktivitéiten iwwer eis LinkedIn-Säit kennen. Dir kënnt enger Ekipp bäitrieden, déi esouwuel op nationalem ewéi och op internationalem Niveau eppes bewierkt!
Triet dem LNDS bäi – Aktuell Jobofferen
Are you interested in working with us? Find out more about our open vacancies, internship opportunities or send us an open application.
Fräi Aarbechtsplaz
Software Engineer
Typ vu Kontrakt
Fixed-term
Ekipp, déi astellt
Technology-Ekipp
Fräi Aarbechtsplaz
Senior IT Systems Administrator
Typ vu Kontrakt
CDI
Ekipp, déi astellt
Technology-Ekipp
Fräi Aarbechtsplaz
Senior Technical Writer
Typ vu Kontrakt
Fixed-term
Ekipp, déi astellt
Enabling functions
De Stagëprogramm vum LNDS
Sidd Dir op der Sich no engem Stage am Kader vun Äre Studien? Oder sidd Dir einfach op der Sich no engem neien Challenge an engem neie Fachgebitt?
Entdeckt d’Méiglechkeeten, fir e Stage beim LNDS ze maachen!

Wie ka sech fir de Stagëprogramm vum LNDS bewerben?
Dir kënnt Iech fir e Stage beim LNDS bewerben, wann Dir grad an engem Studiegang ageschriwwe sidd oder éischt Beruffserfarungen an Ärem Fachgebitt sammele wëllt. Beuecht wgl., datt mir nëmme Stagiairë kënnen unhuelen, déi e gëltegen Aarbechtspermis zu Lëtzebuerg hunn, d. h. EU-Bierger*innen oder Persoune mat engem geneemegte Studentevisa.
Wéini kann ech mech bewerben?
LNDS internship programme is open for applications all year round! Please check out and apply to become an intern here.
Wat kann ech als Stagiaire beim LNDS maachen?
D’Villfalt vun de Méiglechkeeten ass esou breet ewéi eis Aktivitéiten.
Familiariséiert Iech iwwer eis Ekippen a Servicer mat de Beräicher, an deene mir schaffen. Bis elo hate mir Stagiairen an de Beräicher Datesécherheet, Software-Engineering a Rechtsberodung, a mir gesinn nach ganz vill aner mégilech Beräicher.
Mellt Iech wgl. bei eis a schlot eis en Theema vir, dat Iech interesséiert an zu deem Dir e Bäitrag wëllt leeschten. Vläicht passe mir optimal zesummen!
Wéi ass et, fir beim LNDS Stagiaire ze sinn?
Am Ufank vum Stage kritt Dir e*eng Mentor*in attribuéiert, deen*déi Är berufflech Entwécklung an Integratioun beim LNDS wäert ënnerstëtzen. Wéi bei all neiem*neier Mataarbechter*in wëlle mir sécherstellen, datt Dir Iech gutt op der Aarbecht spiert an am Géigenzuch erwaarde mir, datt Dir virwëlzeg sidd a Loscht hutt, Saache bäizeléieren. Mir kënnen et net erwaarden, vun Iech ze léieren, Är Iddien ze héieren an Äre Bäitrag zur Ekipp ze gesinn.
„Beim LNDS hat ech d’Méiglechkeet, un der Implementéierung vun DevOps-Prozesser ze schaffen, besonnesch am Beräich vun der Automatiséierung vun den Tâchen. Als Stagiaire konnt ech d’Qualitéit vu mengem Code verbesseren an den agille Projektmanagement kenne léieren. De Stage war ganz léierräich an eng ganz gutt Period fir mech, esouwuel berufflech wéi och perséinlech. Ech war ganz gutt opgeholl an an d’Organisatioun integréiert an ech sinn dankbar fir dës Erfarung.“
– Paul, Student am 4. Joer op der Polytech Nantes, Stagiaire an eiser Technology-Ekipp 2023
Ass de Stage bezuelt?
Mir leeë Wäert op Äre Bäitrag a befollegen d’Richtlinnen, déi d’Lëtzebuerger Regierung fir Stagëkonventioune festgeluecht huet. Wann Äre Stage op d’mannst 4 Woche laang ass, kritt Dir eng Remuneratioun fir Är Aarbecht, déi sech no Ärem Studiestand riicht, esouwéi eng Ënnerstëtzung vu 400 €/Mount fir ze wunnen. Mir offréieren Iech ausserdeem Chèque-repasen (18 de Mount) a Congésdeeg (30 Deeg d’Joer), déi enspriechend der Dauer vun Ärem Stage berechent ginn.
Weider Informatiounen iwwer d’Richtlinne vun der Lëtzebuerger Regierung, déi mir befollegen, fannt Dir hei: Eine Praktikumsvereinbarung mit einem Schüler oder Studierenden abschließen
Ech sinn um Stagëprogramm vum LNDS interesséiert. U wie kann ech mech wenden?
We are delighted that you would like to take part! Please check out and apply to one of our vacancies, describing your background, what you would be interested in and your availability. Also include if there are any requirements for your internship, for example via your school or degree programme.
Mir freeën eis, vun Iech ze héieren!